RECKBLECK OP D’VERAINSLIEWEN VUN ONSER CHORALE

Scho laang virun der offizieller Grennungsversammlung huet e Grupp Männer enner der Leedung vun Jean Giuen, dee vun 1913 bis 1957 zu Steebrécken Schoulmeeschter war, d’Massen an d’Kierchefeiere mat hirem
Gesank verschéinert.

1954

Den 19. Dezember 1954 ass d’Grennungsversammlung vum Mannerchouer enner dem Numm „CHORALE STE. CECILE“ am Paschtoueschhaus.

Vun der éischter Stonn u waren des Leit derbäi
Aumonier: Meyris Aloyse
Flammang Roger, Fischbach François, George Helmut, Haupert Claus, Kemp Jos, Kootz René, Jenn Don, Jenn Theo, Lun Romain, Marx Ernest, Medinger Camille, Migy Willy, Musquar Ady, Schintgen Charles,
Weisen Eugène
Den éischte Comité gouf zesummegesat:
President: Schintgen Charles
Sekretar: Medinger Camille
Tiesorier: Weisen Eugène
Archivar: Marx Ernest
Dirigent: Migy Willy
Memberen: Kootz René, Musquar Ady, Meyris Aloyse

Aumonier: Meyris Aloyse
Niewent deem regelméissege Gesank enner der Leedung vum Willy Migy gouf festgehalen, all Joer Theaterowender ze organiséieren.

1955

Den éischten Theateroptrett war de 6. Februar am Cafe Diederich „beim Anny“ op der Keelebunn. Zwee Eenakter goufen opgefeiert: „De Lijheconcours“ an „Den Anti-Alkoholiker“. Duerno hum d’Sanger mach e klenge Concert gesongen, an eng Tombola gouf verspillt. Bei 950 Louse waren 147 Gewenner derbai.

Bei der éischter Generalversammlung waren 6. 880 Frang an der Keess. (172 Euro)

1956

Dest Joer gouf op 2 Theaterowender en Dräiakter gespillt: „Fir Kraiz a Glaw“, wat 1.880 Frang an d’Keess bruecht huet. De Verkaf vun Éierememberskaarten huet nach 1.460 Frang erabruecht, sou dass bei der Generalversammlung 10.422 Frang an der Keess waren. E feste Proufdag gouf op Samschdes, 8 Auer owes festgeluet. Fir en Ausfluch ze finanzéiere gouf eng zweet Keess geschafen, wou all Sänger all Mount 50 Frang abezuelt huet.
Dest Joer ass den Här Paschtouer A. Meyris krankheetshalber versat ginn. D’Par krut en neie Paschtouer, den Har Albert Jungels, gebierteg vun Diddeleng a virdru Kaploun zu Bouneweg.

1957

Ufanks des Joers war den Theaterowend mat der Opfeierung vum Draiakter ‚T ass Krisis“ an de 15. August huet e Waldfest am Theisbesch eng Recette vun 3.513,75 Frang erabruecht. Bei der Generalversammlung war d’Keess op 8.906,75 Frang eropgewues.

1958

D’Generalversammlung iwwer d’Joer 1958 weist e grousse finanziellen Opschwonk. D’Keess huet Einmame vun 35.241,50 Frang, an Ausgabe vun 18.951

An deser Versammlung gett och décidéiert, aus dem Männerchouer eng gemeschte Chorale ze maachen, a glaich drop gesait d’Lescht vun de Memberen esou aus:
Fischbach Frangois, Fauconot Christiane, Gérard Nicole, Jenn Theo, Krausch André, Lorang Rich, Medinger Camille, Moos Eugene,
Olinger Ketty, Schmidt Ursula, Scholzen Norbert, Fischbach Marguerite,
Gérard Henriette, Jenn Don, Kootz René, Lux Romain, Marx Ernest,
Migy Willy, Musquar Ady, Schintgen Charles, Scholzen Ferdy, Thill Josette

1959

Den 10. Januar ass am Cafe Diederich d’Grennungsversammlung vun enger Entente zweschen der LCGB Sektioun an der Chorale. Fir des nei Interessegemeinschaft gouf och e separate Comité opgestallt:
President: Lux Romain
Vize-President: Migy Willy
Sekretär: Medinger Camille
Trésorier: Seyler Gaston
Memberen:
Schroeder Pierre, Drauden Jean, Kootz René

Als éischt gemeinsam Aktivitéit gouf eng Soirée am Cafe „beim Hollänner“ ofgehalen. Bei der grousser Recette schléit besonnesch der Verkaf vun 2460 Lousen zu 10 Frang d’Stéck an d’Gewiicht, well d’Einnamen belafe sech op 28.633 Frang. De Benefiss vun 19.725 Frang gett zweschen deenen zwee Veräiner gedeelt.
D’Waldfest leeft net sou gutt a schléisst mat engem Defizit vu 462,70 Frang of, deen och nees opgedeelt gett. E Verainsausfluch vun 2 Deeg feiert op Idar-Oberstein a Rüdesheim. De Stand vun der Keess ass elo20.113,90 Frang.

An der éischter Generalversammlung vun der Entente gett en neie Comité gewielt: enner dem President Camille Medinger ass den Don Jenn Sekretär, an de Gast Seyler Keessier. Als Beisitzende stinn de Willy Migy, de
René Kootz, de Pierre Schroeder an de Jean Drauden op der Lescht.

1960

Niewt engem Präismaskebal beim „Hollanner“ gett och nees eng Soirée organiséiert. De 15.03.1960 gett iwweren neien Harmonium diskutéiert, dee schliisslech zum Prais vun 8.000 Frang kaaft gett. Di véier Pätteren a
Giedele waren d’Josephine Olinger, d’Helène Ademes, de Gast Seyler an de Jos Kemp.
An der Keess sinn dat Joer 26.597,65 Frang.

De Comité besteet aus folgende Leit: President: Schintgen Charles
Vize-President: Migy Willy
Sekretär: Medinger Camille
Keessier: Jenn Theo
Archivar: Marx Ernest
Beisitzender: Scholzen Ferdy
Bcisitzender: Fischbach François
An desem Joer waren d’Prouwe méi schlecht besicht, well den Dirigent beklot sech doriwwcr an der Generalversammlung. Fir vill Diskussioune suergt de Virschlag, e Vcrainshaus ze bauen.

1961

Ausser dem Praismaskebal ass dat Joer och nach eng Chreschtfeier am Cafe „beim Hollanner“. Fir d’Patrfeinesch vun der Chorale ze éieren, gett eng Mass gesongen an et ass eng Feier am Cafe Olinger, wou den Dirigent,
den Organist (Charel Schintgen), an d’Membere mat de meeschte Prouwen e Cadeau kréien. De Männerchouer hat 50 Prouwen, den Dammechouer 37 Prouwen.

D’Lescht vun deenen aktiven Häre gesait esou aus:
Schintgen Charles, Migy Willy, Kootz René, Medinger Camille, Lorang Rich, Jem Theo, Kongs Jos, Marx Ernest, MusquarAdy, Scholzen Ferdy, Jenn Don
Fischbach Francois, Moos Eugene, Scholzen Norbert, Weber Norbert,
Scholzen Ernest, Schmidt Ferdy.

Et bleiwen mach 4 Sängerinnen: Olinger Ketty, Fischbach Marguerite, Gerard Nicole a Fauconot Christiane. Obwuel dat Joer keng Eierememberskaarten opgehuewe goufe, sinn 27. 843 Frang an der Keess.

1962

Wéi am vergaangene Joer war 1962 e Präismaskebal, eng Chreschtfeier an eng Caciliefeier um Programm.
Den Ausfluch zesumme mat der Entente feiert op lechtemach an Esch-Sauer a schléit fir all Verai mat 3607 Frang zu Buch. De Bestand vun der Keess wiisst op 32.530 Frang.

1963

Als Aktiviteite gin diselwecht wei dat Joer virdrun opgefouert. De gemeinsamen Ausfluch feiert 33 Leit op Saarbrécken op d’Gartenschau. D’Generalversammlung am Paschtoueschhaus weist e Keessebestand vun 33.834 Frang an e Spuerbuch bei der Fortuna vun 17.778 Frang.
No enger Neiwiel geséit de Comité folgendermoossen aus:
Eierapresident: Schintgen Charles
President: Scholzen Ferdy
Vize-President: Migy Willy
Sekretär: Medinger Camille Keessier: Jenn Theo
Beisitzender: Lorang Rich
Keesserevisor: Kootz René

De Veréin zielt 15 Memberen an loo Eierememberen.

1964

Dest Joer feiert den Ausfluch an d’Vogesen, an all Aktive bedeelegt sech mat 50 Frang un den Onkäschten. Fir di helleg Cacilia ze feiere gëtt d’Chorale „Sangerbond“ vu Brouch (Miersch) invitmiert. Si sangen d’Mass, gi mat
iessen an de Cafe Diederich, a gestalten am Nomëtteg d’Andacht. Den Dag kléngt aus am Cafe Olinger, wou den Dirigent Willy Migy an den Hëllefsdirigent Rich Lorang mat engem Cadeau Merci gesot kréien.

Trotz Praismaskebal a Chreschtfeier schléisst dest Joer mat engem Defizit vu 14.006 Frang of.

Vun Sängerinnen geet keng Rieds. De Chouer besteet nach aus folgende 15 Hären: Schintgen Charles, Migy Willy, Marx Ernest, Kootz René, Jenn Don, Scholzen Norbert, Weber Norbert, Scholzen Ferdy, Lorang Rich, Jenn Theo,Medinger Camille, Scholzen Ern, Fischbach François, Moos Eugène, Kongs Josy.

1965

Eng gesanglech Aktivitéit ass opgeschriwwen: Zu Brouch séngt eis Chorale enner der Direktioun vum Rich Lorang eng Mass an am Nomëtteg d’Andacht. Fir de 50. Anniversaire vun der Chorale mixte „Sängerbond Brouch“ bedeelegt sech de Chouer um Cortège. Op Cäciliendag geet vun enger Mass Rieds, an de Präismaskebal and’Chrëschtfeier goufe wi ëmmer ofgehalen.

1966

Fir Mammendag gouf eng feierlech Mass gesongen. D’Octavemass vun de Pare vun der Mess an Téiteng ass duerch de Gesank vun Steebrécken a vu Réiden verschéinert ginn. Vun deene selwechte Sänger gouf och eng Mass zu Branebuerg gesongen. Mat enger Mass gouf Cäciliendag gefeiert, di traditionell Soiréeen „beim Holläner“ goufen ofgehalen an en Ausfluch huet an d’Eifel geféiert. Dat Joer ass de Rich Lorang als Dirigent genannt an den Don Jenn ass am Comité derbäi.

1967

Concert mat Oper an Operettemelodie gouf vun der Chorale organiséiert, an am Festsall vun der neier Schoul ofgehalen. D’Chorale „Minettsrousen“ ënner der Leedung vum Milly Thiel-Winandy an d’Chorale Municipale vu
Schëffleng ënner den Piere Nimax sinn och opgetrueden. Um Piano: D’Joffer Marie-Josee Wilmes. De Chouer séngt och neess d’Mass fir Mammendag an
Cäciliendag, a mecht en Ausfluch op Dinant. De Bal an d’Chrëschtfeier, déi mëttlerweil eng 25 0 Leit uspriechen, droen derzou bäi, dass 49.080 Frang an der Keess, an 36.340 Frang um Spuerbuch sinn.

1968

Zwou Massen, déi vu Mammendag an déi vu Cäciliendag, an d’Onganisatioun vum Bal a vun der Chrëschtfeier ginn ernimmt. Bei engem KapitaL vun gutt loo.000 Frang stëmmen di 16 Memberen an der Generalversammlung iwwer d’Uschafung vun engem Occasionsspiano of.

1969

Just de Fuesbal an d’Chreschtfeier sinn opgefouert, woubai all Kéiers 250 Entréeen ze verbuche waren. Si hu ronn 5.000 Frang abruecht.

1970

De Veräin schléisst sech un de Piusverband un a bezillt pro Aktiven e Beitrag vun 10 Frang. Um Hellegen Owend um 20 Auer zu Steebrécken a fir d’Metten zu Monnerech goufen d’Masse gemeinsam mat der Chorale Ste Cécile vu Monnerech gesongen. Fir den Ausfluch mat der Entente vun 2 Deeg op Antwerpen huet all Member 300 Frang bäigeluegt an der Veräin huet nach 11.077 Frang bezuelt. Um Fuesbal waren 317, an op der Chrëschtsoirée waren 276 Entréen ze verbuchen. Fir de Veräin ze vergréissere sollten nei Membere gesicht ginn.

1971

D’Cotisatioun vum Piusverband kascht mettlerweil 15 Frang. Dëst Joer kommen 298 Leit op de Bal an 369 Leitop d’Chrëschtfeier. Den 21. an den 28. November si fir d’éischte Kéier Concerten, wou d’Kierchechéier vu
Monnerech a Steebrécken mat der Monnerecher Fanfare zesummen optrieden. D’Chorale stinn enner der Leedung vum Monnerecher Dirigent, Pierre Gilles, an d’Musek spillt enner den Dirigent Josy Comes. Och den
Ausfluch op Geisdrëf a Veianen gëtt fir di zwee Chéier organiséiert. Dat Joer hat eise Chouer 63 Prouwen an et goufe 5 Comitéssitzunge gehalen.

1972

An der éischter Comitéssitzung gouf de Willy Migy fest als Dirigent agestallt. Fir seng Aarbecht krit hien 7.000 Frang pro Joer. D’Octavemass vun de Pare vun der Mess gëtt vum Steebrécker Chouer gesongen. Fir den I. Mee ass d’Mass fir den LCGB, an um Parbazar ass en Optrëtt mat engem weltleche Programm, mat Begleedung um Piano duerch de JP Kirtz. Trotz den Erfolleg vum Bal a vum Chrëschtowend geet d’Joer mat engem Defizit vun
9.507 Frang zu Enn. An der Keess si mettlerweil 72.308 Frang.

No den Neiwale gesäit de Comité folgendermoossen aus:
Éierepresident: Scholzen Ferdy
President: Kaufman Leon
Sekretär: Medinger Camille
Trésorier: Medinger Camille
Beisitzende: Aline Schleich, Marie Jenn, Kootz René, Jenn Don
Dirigent: Migy Willy

1973

Am Comité gett beschloss, d’Schoulkanner fir e Kannerchouer ze rekrutéieren. Den Dirigent krit heifir pro Joer 3.000 Frang. Nieft dem Fuesbal beim „Hollänner“ gett en zweete Bal „beim Kueb“ ofgehalen. Och e Bal an der Klensch an d’Chrëschtsoirée sinn urn Programm. De Veräinsausfluch feiert fir zwee Deeg op Bernkastel. Fir Cäciliendag ass wi ëmmer eng Mass, mä et gi fir d’éischte Keier Medaillen u laangjäreg Memberen a verschiddene Chorale verdeelt.

Dobai ass och en Iessen am Café Rach zu Biengem.

Ausgezeechent goufen dës Leit:
Clemes Adolphe 1918-1958
Marx Ernest 1914-1973
Schintgen Charles 1908-1970
Scholzen Ferdy 1913-1973
Jem Dominique 1942-1973
Jem Theo 1947-1972
Kaufmann Léon 1943-1973
Kootz René 1941-1973
Medinger Camille 1940-1973
Migy Guillaume 1940-1973
Schleich Aline 1948-1973
Scholzen Norbert 1952-1973
Kongs Josy 1963-1973
Scholzen Ernest 1955-1973
Mat engem héijen Défizit vun 30.072 Frang hält dest Joer op. An der Keess sinn 61.957 Frang.

1974

Mëttlerweil sinn 20 Aktiver an der Chorale a 15 Kanner am Kannerchouer. Den Ausfluch féiert op Bern an der Schwäiz, a bei enger klenger Sortie gouf zu Léifreg eng Mass gesongen. Beim Hollänner a beim Kueb ware Fuesbaler, an och d’Chrëschtfeier war en Erfolleg. Beim lesse fir Cäciliendag am Cafe Olinger krut den Dirigent an d’Organistin, d’Marie Jenn, e Cadeau. Och dëst Joer ass finanziell net sou gutt gelaf, a schléisst mat engem Minus vun 4.969 Frang of.

1975

D’Chorale vun den Erwuessenen zielt 18, déi vun de Kamer 15 Memberen. De Veräin huet 223 Ėierememberen. Am Joer goufen 63 Prouwen a 6 Comitéssitzunge gehalen. Di traditionell Veranstaltungen haten dee
gewinnten Erfolleg mat méi wi 200 Entréeen all Kéiers. Op Cäciliendag war nees en lessen am Café Olinger, wou och 3 Medaillen ausgedeelt goufen: Willy Migy a Camille Medinger fir 35 Joer an den Erny Scholzen fr 20 Joer. Dat Joer gouf den Dingent extra geéiert fir säin Asaz zënter 20 Joer, an de Paschtouer Albert Jungels feiert säi 60. Gebuertsdag.

De Comite besteet aus folgend Leit:
President: Kaufmann Leon
Sekretär a Keessier: Medinger Camille
Beisitzende: SchLeich Aline, Jenn Marie, Eisenbeis, Marie-Claire, Kongs Josy, Gehlen Berthy, Kootz René a Scholtes Pierre.
Keesserevisoren: Migy Willy a Scholzen Emy.

1976

De Syndicat d’Initiative vun der Gemeng Monnerech organiséiert d“Matinées culturelles“am Musekssall zu Monnerech an am Festsall vun der Steebréckener Schoul. D’Lidderfrënn, de Kannerchouer, d’Chorale vu Steebrécken an d’Fanfare si mat engem musikalesche Beitrag derbäi. Fir de Konveniat vun de Joergang 1895-1920, fir den I. Mai, Mammendag an Caciliendag gouf d’Mass gesongen. Zwee Ausflich hei am Land féieren op Saassel an op Wuermeldeng, wou no der Mass en lessen onganiséiert ass. Eng Rees vum 7. bis den 10. August op St Anton belount di Aktiv vum Veräin. Och Medaille gi verdeelt un d’Marie-Claire Eisenbeis, de René Kootz an den Don Jenn fir 35 Joer am Asaz fir d‘ Musek. Den Här Jungels feiert seng 20 Joe[ Déngscht zu Steebrécken. Um Sängerteffen zu Beetebuerg séngt eis Chorale ënner der Leedung vum Léon Krein, well eisen Dirigent en Accident hat. D’Chorale verbucht 5 Hochzäitsmassen an eng Gemeinschaftsmass zesumme mat der Chorale vu Monnerech. Selbstverständlech goufen di 2 Fuesbaler an d’Chreschtfeier nees ofgehalen.

1977

Bei de „Matinées culturelles“ ass dëst Joer de Kierchechouer vu Monnerech och derbäi. E Concert zu Reckeng an e weideren zu Branebuerg fir den loo. Anniversaire vun hirer Chorale goufe gesongen. Um Piano: de Camille Rodenbour. De Kamerchouer sängt 2 Massen, zu Éileng an zu Biergem, an d’Marie Jenn begleet op der Uergel.

De 26. Juni 1977 krut Steebrécken eng nei Uergel, op deer de Camille Rodenbour fir d’éischt gespillt huet. Offiziell krut d’Marie Jenn als deemoleg Organistin de Schlëssel iwwerreecht.

Pätteren a GiedeLe waren:
Marguerite Bosseler-Fischbach a Gust Schoder vu Steebrécken, Irène Siebenaler-Schintgen an Eugène Weisen vu Biergem, Virginie Backes-Ney a Felix Kirsch vu Wickreng.

1978

Dëst Joer ass e weidere Veräi bei de „Matinées culturelles“ derbäi: di „Monnerecher Bounesäck“, en Theatergrupp. Zu Betten un der Mess gëtt mat enger Mass den 175 . Anniversaire vun der Par an de 50. Gebuertsdag vun der Chorale gefeiert. An der Haushaltungsschoul zu Esch ginn zwee Concerten, an op der Biergemer Braderie e puer Lidder am Fräie gesongen. Am Café Garganese ass no der Cäciliemass en lessen an d’Chorale vu Branebuerg kënnt bei eis op Besuch. E grousse Concert gëtt organiséiert, wou d’Chorale „Minettsrousen“ a „Municipale“ vu Schëffleng, an de Steebrécker Kierchechouer mat der Militärmusek optrieden. Um Hellegen Owend gett e klenge Concert virun der Massfeier ugebueden. De Veräin zielt 40 Memberen an hat 77 Prouwen ze verzeechnen.
De Comité ass deelweis emeiert:
Éierepresident : Scholzen Ferdy
President : Kaufmann Léon
Sekretar: Medinger Camille
Keessier: Scholtes Pierre
Beisitzende: Schleich Aline, Jenn Marie, Gehlen Berthy,
Biver Marie-Rose, Lotti Margot, a Scholzen Gaby. Dirigent: Migy Willy
Organistin : Jenn Marie, Aumônier: Jungels Albert
(Den Aumônier, Dirigent an Éierepresident sinn am
Comité, allerdéngs ouni Stëmmrecht.)

1979

0p engem Won, dee vun engem Trakter gezu gëtt, geet d’Chorale duerch d’Stroosse sangen, fi[ d’neit Joer ze wënschen. Dat bréngt 19.154 Frang an d’Keess. Mat derselwechter Besetzung wi d’lescht Joer lafen d“Matinées
culturelles“ iwwer d’Bühn. Bei eiser Chorale begleet de Carlo Migy un Piano.De Fern Scholzen an den Emy Marx kréien eng Medaille fir 50 Joer, de Léon Kaufmann eng fir 35 Joer Tätegkeet am Veräin. E groussen Ausfluch geet ap Chamonix, ee klengen op Viichten, wou d’Mass gesonge gëtt. De Chrëschtowend an de Bal beim „Kueb“ ginn organisëiert an e Concert an
der Haushaltungsschoul zu Esch gesongen.

Am Veräin sinn 42 Memberen, 276 Éierememberen, an et waren 67 Prouwen a 5 Comitéssitzungen ze verzeechnen. D’Keess weist e Kapital vun 104.849 Frang op, trotz engem Defizit vun 21.083 Frang.

1980

Wei d’1escht Joer ass di éischt Aktivitéit dINeijooschsangen. Op de „Matinées culturelles“ trëtt eis Chorale nees man Carlo Migy um Piano an ënner der Leedung vum Willy Migy op. De Kierchechouer vu Monnerech
ass net derbäi. De 27. Februar ass d’Aweiung zu Steebrécken vun der „Salle culturelle“, de fréier e Pompjeessall war. Enner dem Titel „Saison culturelle“ leeft eng besonnesch Manifestatioun vun Oktober bis November 1980. An deem Kader gi verschidde Concerten a Masse vun eiser Chorale onganiséiert. D’Generalversammlung hält fest, dass 40 Leit am Gesank waren an 72 Prouwen haten. An der Keess sinn 116.780 Frang. An enger Keess fir en internt Lottospill sinn 43.175 Frang.

Medaillen gëtt et fir folgend Sänger:
Gehlen Berthy, Lotti Margot, Biver Marie-Rose, Scholtes Pierre an Kongs Josy fir 20 Joer. Medinger Milly, Clemes Pia, Clemes Martine, Biver Odile, Lotti Sonja, Jenn Mireille, Medinger Sylvie, Siebenaler Diane, Jenn Pia,
Scholtes Carine a Reinard Manon fir 5 Joer.
Bei engem Iesse krit den Willy Migy eng Auer fir 25Joer am Déngscht vun der Chorale.

1981

Beim Neijooschsangen ginn dës Kéier 22.905 Frang opgehuewen. D“Matinées culturelles“ lafe wi ëmmer. Um Sängertreffen zu Beetebuerg sange mir ënner dem Willy Migy, op der Uengel begleet d’Marie Jenn, an de
Pierre Scholtes sängt e Solo. Dëst Joer féiert den Ausfluch 4 Deeg op Salzburg. Um Cäciliendag gëtt den Här Jungels geéiert, dee säi 40. Priesterjubiläum, a seng 25 Joer zu Steebrécken feiert. Zesumme mat der Entente ginn de Bal an de Chrëschtowend organiséiert. Um Enn
vum Joer weist d’Keess en Defizit vun 12. 574 Frang op. Trotzdem sinn mach 104.206 Frang dran.

De Comité ass elo mat dëse Leit besat:
Éierepresidenten: Scholzen Ferdy a Kaufmann Léon
President: Medinger Camille
Sekretär: Gehlen Berthy
Keessier: Scholtes Pierre
Beisitzende: Schleich Aline, Jenn Marie, Clemes Pia, Lotti Margot, Scholzen Gaby, Migy Carlo.
Keeserevisoren: Kongs Josy, Kaufmann Léon, Migy Willy.

De Willy Migy kënnegt seng Demissioun als Dirigent un, well seng Aarbechtszäiten et net méi erlaben. E bleift awer mach als Sänger derbäi.

1982

Wéi di Joere virdru stinn d’Neijooschsangen an d“‚Matinées culturelles“ um Programm. Op der Biergemer Braderie mécht de Gesank eng Kaffisstuff. Op engem Rallye-Pic-Nic zu Léifreg wannen de Willy an de Carlo Migy. D’Mass vun Cäciliendag sengt d’Chorale vun Ell, a beim lessen „a Schmatts“ kréien nees verschidde Leit eng Auszeechnung:

Kaufmann Anny, Biver Odile, Jenn Romain, Mediger Andrée a Gehlen Margot fir 5 Joer. Um Hellgen Owend sängt de Jugendchouer ënner der Direktioun vum Carlo Migy e klenge Concert virun der Mass. An der Keess
sinn 147.999 Frang.

1983

0p der „Matinee culturelle“ trieden d’Fanfare an de Knnerchouer wi gewinnt op, wougéint d’Choralen zesummegeschloss sinn. Si sange mat 3 Dirigenten: Marie- Claire Eisenbeis, Léon Krein, Willy Migy. Begleedung
um Piano duerch de Carlo Migy.

Um Programm stinn: eng Mass fir de 50. Anniversaire vun de Pompjëeen, eng Mass bei den Dominikanerinnen, d’Cäciliemass, d’Duerffest an d’Neijooschsangen op Sylvester.

1984

0ch dëst Joer trëtt nees bei der „Matinées culturelles“ d’Chorale réunie op, geleed vun der Madame Eisenbeis an dem Här Krein. Zu Ell gët eng Mass gesonge mat den Trompettiste Josy Hippert a Lex Stammet, an no enger
Mass zu Branebuerg ass e Rallye zu Fouss mat engem Grillowend organiséiert. Weider ass d’Mass bei den Dominikanerinnen, d’Mass fu Gaart an Heem an d’Neijooschsangen um Programm. No der Cäciliemass ass
d’Iesse beim Josephine. Hellgen Owend sengt d’Chorale Princesse Marie-Astrid bei eis d’Mass, an eis Chorale séngt op Chreschtdag zu Biergem mat 4 Musikanten. Als Belounung ass en Ausfluch vu 5 Deeg op Wien gemaach
ginn. An der Keess sirm elo 192.261 Frang.

1985

Haaptaktivitéit ass d’Onganisatioun vum 30. Anniversaire
vun der Chorale.
En Onganisatiounscomité gouf an d’Liewe geruff. Derbäi waren: Busana Roland, Bormann Monique, Medinger Camille, Seyler Gaston, Wolff Roby a Meyers André vu Steebrécken, Clemes Marie-Josée, Hippert Josy, Kirschten
Eugène, Pleim Lotti, Siebenaler Norbert, Wallenborn Jean vu Biergem, Holcher Hubert vu Féiz, Morbach Denise vu Wickreng, an Thill René vu Lëtzebuerg.

Dëse Programm gouf opgestallt:
26.05.1985:
Päischtmass gesonge vun der Chorale vun Éileng, dirigéiert vum Paul Jacqué, begleet vum Josy Kremer.
27.05.1985:
Concert spirituel mat de Soliste Josy Hippert, Alex Stammet, Théo Pessers, Jean-Paul Mander a Carlo Migy.
30.OS.1985:
Concert vun der Chorale vun Hunchereng, dingéiert vun Jean Gehlen.
01.06.1985:
Concert vun de „Minettsrousen“ an der „Chorale Municipale“ vu Schëffleng, geleet vum Milly Thiel Winandy an Camille Rodenbour.
02.06.1985:
Mass vun der Steebrécker Chorale, dirigéiert vum Willy Migy a begleet vum Camille Rodenbour.
Am Nomëtteg:
Cortége vum Café Neiertz bis bei d’Schoul. Ofschlossconcert mat alle kulturelle Veräiner aus der Gemeng.
Masse fir Gaart an Heem, fir d’Amiperas, bei den Dommikanerinnen, fir Cäciliendag an d’Bedeelegung un de Feierlechkeete beim Poopstbesuch si virgesinn. E klengen Ausfluch féiert op Folscht, wou d’Mass gesonge gëtt.
D’Amiperas bestellt e Concert. Um Hellgen Owend séngt de Chouer ënnen an der Kierch, an op Sylvester ass nees d’Neijooschsangen. De Paschtouer feiert song 70 Joer.
Hei d’Lescht vum den Aktive vun deem Joer:
Biver Marie-Rose, Biver Odile, Clemes Pia, Jenn Marie, Jenn Pia, Jenn Romain, Jenn Don, Kaufmam Léon, Kaufmann Annie, Medinger Milly, Medinger Sylvie, Medinger Andrée, Medinger Camille, Michels Gaby, Migy Romaine, Migy Willy, Migy Carlo, Reuter Nicole, Scholtes Pierre, Wolff Christiane, Kongs Josy, Schleich Aline, Scholzen Ferdy.


De Comite vum Jubiläumsjoer besteet aus de folgende Leit:
Jungels Albert Aumônier Medinger Camille President Kaufmann Léon Sekretär
Scholtes Pierre, Keessier Migy Willy Dirigent
Clemes Pia, Michels Gaby, Schleich Aline, Jenn Marie, Migy Carlo, Scholzen Ferdy.

1986

0p de „Matinées culturelles“ spillen d’Fanfare ënner der Direktioun vum Femand Gallo an d’Choralen zesummen ënner dem Här Krein an den Här Migy, um Piano begleet vum Här Josy Asselbom.

D’Chéier vum Dekanat Beetebuerg sangen zesummen d’Radiosmass, déi vum Här Bëschof Hengen zelebréiert gëtt. Op Mammendag séngt de Chouer e Concert zu Monnerech a bei eis eng Mass. Zwee Konveniaten an Cäciliendag gi gesanglech verschéinert, um Duerffest gëtt eng Hand mat ugepaakt. Fir de Bieddag zu Biergem gouf ënnen an der Kierch gesongen, well do stongen zwou Ahlborn-Uergele fir ze testen. Di eng huet 200.000 Frang, di aner 500.000 Frang kascht. Ugeschaaft gouf schliisslech en Instrument vun 370.000 Frang. Am Dezember war eng Danksagungsmass fir de Paschtouer Jungels, dee 45 Joer Priester ass an 30 Joer zu Steebrécken am Dingscht ass.

1987

Dat Joer war keen Neijooschsangen. Den 8. Februar war d’Wei vun der neier Uergel zu Biergem, a mat der Monnerecher Chorale gouf d’Mass fir den LCGB gesongen. Den 20. Februar krut de Chouer en neien Dirigent:
de Carlo Migy. Den 20. Maerz stierft den Här Jungels, a gëtt zu Steebrécken begruewen. Masse fir Cäciliendag, den 20. Anniversaire vum B.C. Mess, fir d’Amiperas an de Gaart an Heem si virgesinn. Ausserdeem ass nees e
Sängertreffen zu Beetebueng, an 10 Hochzäite gi gesongen. Am September ass eng Krisesëtzung, well d’Situatioun vum Chouer net méi gutt ass. Den 8.
November ass d’Installatiounsfeier vum Här Paschtouer Raymond Streweler a vum Kaploun Carlo Morbach. Leider ass och den Abschid vum Willy Migy an d’Demissioun vum Carlo Migy; souwéi vum Keessier
Pierre Scholtes ze verzeechnen.

1988

Ufanks des Joers gouf an der Madame Marie-Claire Eisenbeis eng zäitweileg Dirigentin fonnt, déi dann am November vum Claudette Zeimes-Wagener ofgeléist gouf.
Zu deem Zäitpunkt gesait de Comité folgendermoossen aus: Aumônier: Carlo Morbach
President: Camille Medinger
Vize-President: Leon Kaufmann
Sekretär: Pierre Mousel
Keessier : Roby Wolff
Membren: Pia Clemes, Marie Jenn, Christiane Wolff
Keesserevisoren : Don Jenn a Raymond Streweler
Well de Chouer zueleméisseg net staark besat ass, schléissen eis Sänger sech dacks un aner Veräiner un: u Mormerech, u Schëffleng an u Capellen. Eng Neierung am Parliewe war d’Afeierung vun enger klenger Agape no de Metten an no der Ouschtenuechtfeier. D’Ouschtermass ass dat Joer vun der Chorale Princesse Marie-Astnd gesonge ginn.

1989

D’Marie Jenn gett am Comité ersat duerch d’Angèle Pütz. Grousst Evenement ass dëst Joer d’Gedenkfeier un 150 Joer Onofhängegkeet an der Gemeng Monnerech. E Concert vun den Erwuessenechéier, dem Kannerchouer a Solisten, den Dag duerno en Ëmzuch zu Monnerech, woubäi verschidde Lidder gesonge ginn. Ähnlech verlafe bei derselwechter Geleeënheet d’Feierlechkeeten zu Steebrécken a Biergem. An der Näerzengerstrooss a beim Théo Jenn ginn nei Fräiheetsbeem geplanzt, a bei de Beem vun 1939, beim Haus Wolff a bei der Biergemer Kierch, gi Plakette festgemat. Weider Aktivitéite waren d’Masse fir d’Firmung, fir d’Amiperas a fir den LCGB. Op der Cap hu mir en Optrëtt als Gaaschtchouer beim lokale
Sängertreffen, a mir sange Chrëschtlidder op hirem Chrëschtbazar a virun eiser Mëtternuechtsmass.

1990

An der Generalversammlung krit de Léon Kaufmann eng Auer geschenkt fir 25 Joer am Déngscht vum Chouer, an dNicole Foumel ersetzt d’Pia Clemes am Comité. Dat Joer ass och d’Aweiung vun der Sportshal zu Steebrécken, déi mat Musek a Gesank verschéinert gett: et sangen d’Choralen zesummen, de Kannerchouer an et spillt d’Monnerecher Fanfare. Eis Octavemass gëtt vun de Chéier vu Schëffleng a Steebrécken gesongen.

Direktioun: Milly Thiel. Mir sangen zu Kanech d’Sondesmass, iessen op hirem Zeltfest a sangen do och e Concert. Mir gestalten och eng Mass zu Mäertert. Den Ausfluch féiert eis an de Mëllerdall. Den 29. Juli verabschide
mir eis Geeschtlech, de Raymond Streweler an de Carlo Morbach, fir den 30. September de Leo Wagener bei eis ze empfänken. 1990 ass och d’Joer vun deem éischte Cäcilieconcert vun de kulturelle Veräiner aus der Gemeng. E steet enner dem Protektorat vun der Kulturkommissioun, an di éischt Oplo gëtt vun der Theatergrupp „Bounesäck“ , den Kannerchouer, deenen drai zesummegeschlossene Chéier an der Fanfare gestalt. E weidere Concert organiséiert eis Chorale: di zwee Schëfflenger Chéier ënner der Leedung vum Milly Thiel-Winandy a vum Camille Rodenbour, a man Jempy Kemmer um Piano sangen e flotte Concert. An eise Masse gi mir begleet vum Här Professer Josy Asselborn.

1991

D’Zuel vun de Sänger beleeft sech op 25, déi a 60 Prouwe konnten derbäi sinn. Am Comité ersetzt de Jos Neu d’Chrstiane Wolff, Archivar ass d’Milly Medinger, an d’Keesserevisore sinn den Don Jenn an de John Zeimes. De Camille Medinger krit fir 50 Joer Déngscht an der Par eng Taschenauer geschenkt, an de Charel Schintgen gëtt geéiert well en zënter 1942 am Kiercherot ass. Medaille kruten d’Viviane Defrang an d’Georgie Neu fir 5 Joer, d’Marie Jenn, de Pierre Mousel an d’Christiane Wolff fir 20 Joer, de Camille Medinger fir 50 Joer am Gesank. D’Octavemass mat Schëffleng gett dëst Joer vun eiser Chorale organiséiert, mir sangen um Sängertreffen zu Téiteng a bei der Fimung. Um Cäcilieconcert trieden di 3 Erwuessenchorale gemeinsam op, niewt de „Bounesäck“, dem Kannerchouer an der Fanfare. Um Ausfluch sange mir d’Mass zu Houschent, eng aner Kéier zu Holzem. Bei eis kommen d’Chorale vu Mäertert a vu Chrëschtnech op Besuch. Am Oktober kréie mir eng nei Uergel vun der Marque Ahlborm am Wert vun 200.000 Frang.

1992

Den Don Jenn krit fir song Verdéngschter eng Auer an d’Medaille fir 50 Joer. D’Chorale organiséiert „E gemittlechen Dag“ an zervéiert 136 Iessen. Mir hëllefen och um Parfest. E Concert fir Mammendag, fir d’Amiperas, fir Cäciliendag, an e Beitrag urn Sängertreffen zu Reéiser stinn um Programm. D’Octavemass steet ënner der Direktioun vum Milly Thiel.

1993

Dat Joer krit de Léon Kaufmann e Cadeau fir 50 Joer Déngscht an der Par. Den Ausfluch féiert d’Siänger op Bäerdref, wou no der Mass och d’Iessen ass. Och zu Mäertert leeft deeselwechte Programm. Eng zweet Oplo vum „gemittlechen Dag“ , d’Parfest, d’Octavemass ënnert der Leedung vum Claudette Zeimes, eng Mass fir d’Amiperas an den Cäcilieconcell zu Steebrécken stinn och mach un Programn.

1994

Fir un d’Befreiung ze erënneren, gett an de[ Morgue zuSteebrécken eng Plaquette opgehaangen. De „gemittlechen Dag“ gëtt ofgehalen, eng Mass zu Réimech gesongen, an d’Chorale ass wéi emmer um Caäcilieconcert derbai.
Enner Schëfflenger Leedung gi mir mat an d’Octave. D’Keesserevisore sinn de Jeannot Dengler an de John Zeimes.

1995

Eis Mass gett vum RTL iwwerdroen a mir sangen eng Mass zu Hunchereng an zu Beetebuerg. Bei eis ass och nees Firmung a mir gestalten eng Daffeier an erg Mass fir eng gëllen Hochzait. Zesumme mat der Fanfare vu
Monnerech an der „Drumskill-Band“ maache mir eng Rees op Faistenau. Mir organiséieren d’Octavemass a sangen um Cäcilieconcert zu Steebrécken an der Sportshal. E besonnescht Evénement ass di feierlech Aseenung vun der restauréierter Kierch vu Biergem, de 25.Juni

1996

Am Comité hu mir di folgend Opstellung:
President: Camille Medinger
Vize-President: Léon Kaufmann
Sekretär: Pierre Mousel
Keessier: Roby Wolff
Memberen: Tessy Diederich, Nicole Fournel a Jos Neu
Archivar: Milly Medinger
Aunônier: Léo Wagener
Dirigentin: Claudette Zeimes
Organisten: Josy Asselbom a Claude Zeimes

Dat Joer feiert de Kierchechouer vu Monnerech säi 75. Anniversaire, a mir sangen eng Mass bei hinnen. Eng lescht Kéier leeft de „gemittlechen Dag“ of, a mir gi mat deene Schëfflenger an d’Octave. Bei eis gett eng Mass vum Kannerchouer gesongen, wougéint mir zu Kanech eng Mass an e Concert-Apéritif sangen. Als Ausfluch maache mir eng Rees man Zuch an d’Eisléck. Niewt dem Cäcilieconcert ass eise wichtegsten Optrëtt beim Gala- Concert vun der Escher Stadmusek, déi hiren 125. Anniversaire feiert. De Concert fennt dräi mol am Stater Theater statt, well deen Escher Theater am Embau ass.

1997

Eng wichteg Etapp ass d’Renovéierung vun der Steebrécker Kierch, déi rechtzäiteg fir dat 150-jähregt Bestoe vun der Par Steebrécken ofgeschloss ass. Extra fir des Geleeenheet huet eisen Organist Josy Asselbom eng Hymne kompon6iert, zu deer de Jean-Claude Schanen den Text geschriwwen huet. Den Titel ass dem Motto vun der Klerch ugepasst: „L’Eau de la Vie“. Den 9.November gett d’Kierch vum Erzbeschof Femand Franck konsekr6iert.
D’Kommuniounsmass ass an der Sportshal ofgehale ginn. Eise Chouer ass nees Organisator vun der Octavemass. Mir sangen zu Schlennemanescht an urn Houwald, eng Mass fir d’Amiperas an e Concert op der Chreschtfeier
vum LCGB. Mir sangen och zwee mol Chr€schtlidder am „Match“ an am CORA). Den Cacilieconcert leeft dest Joer ouni Beitrag vun de „Bounesack“.
Bei eis gett en Hobbymaart ofgehalen, a mir kieie Masse gesonge vun der Chorale vun Hunchereng a vun engem Jugendchouer. An der Keess sinn dest Joer 711.648 Frang.

1998

Et war en aarbechtsräicht Joer: de Chouer huet 165 Aktivitéiten opzeweisen, dovun 70 Prouwen, 4 Hochzäiten, an 11 Läichendengschter. An der Chorale
sangen 35 Leit. Am Kader vun der 150-Joer-Feier fanne bei eis verschidde Massen a Concerte statt: Masse vun Schëffleng, Dol, Leideleng a Beetebuerg, Concert vum Ensemble „Viva Voce“ a vun engem Saxophonsquartett
„Just 4 Phones“. De Beitrag vun eiser Chorale ass e Concert mat Gospel, zesumme mat der Fanfare Monnerech. Wéinst der grousser Réussite hëlt de René Nuss eis Titelen op a mir hale se op engem CD fest ënner dem Titel „Spirit of Gospel“. Mir sangen Massen zu Dol (Nacher), an der Kierch Sacré Coeur, an zu Clierf mat deene Schëfflenger zesummen. Mir organiséieren en Adventsconcert a ginn nees zweemol an de Match sangen. Mir besiichtegen d’Arbed a verkleeden eis owes, fir beim Josephine en internen Hausbal ofzehalen. Fir d’Octave ass Schëffleng zoustänneg, an um Cäcilieconcert sangen d’Chorales réunies. De Comité ass nei gewielt ginn:
President : John Zeimes
Vize-President: Pierre Mousel
Sekretär : Tessy Diederich
Keessier: Roby Wolff
Memberen:
Carine Dengler, Nicole Fournel, Josée Schaul,
Aumônier: Léo Wagener, Dirigentin: Claudette Zeimes,
Organisten: Josy Asselborn a Claude Zeimes.
D’Keess vun der Chorale huet 815.083 Frang opweises,
dat sinn 20.205,38 Euro.

1999

Verschidde Funktiounen am Comité sinn ëmbesat ginn: Sekretär ass de Jos Neu mam Josée Schaul, Keessier ass de Roby Wolff man Carine Dengler, Archivare sinn d’Sophie Seyler an d’Nicole Fournel. Wichtegste Concert war fir eis d’Opféierung vun der „Carmina burana“ mat anere Chéier an der Escher Stadmusek. Dat Joer feiert de Josy Asselbom seng 70 Joer, an d’Octavemass gëtt fir d’éischte Kéier vun alle Choralen aus den neie Parverband gesongen, wou folgend Uertschaften derzou gehéieren:
Schëffleng a Rëmeleng, Kayl an Téiteng , Monnerech a Steebrécken. Monnerech a Steebrécken iwwerhuelen d’Organisatioun.

D’Kulturkommissioun vu Monnerech organiséiert en Ausfluch fir d’Chorales réunies an d’Fanfare op Obertstdorf, wou d’Mass an e Concert
gesonge ginn. Masse gi gesonge fir eng diamanten Hochzäit, Mammendag, d’Jongbaueren, Cäciliendag, a fir d’100-Joer-Feier vun der Stierfkees an der Mechelskierch zu Letzebueng. Besonnesch frou ware mir, d’Noprimiz
vum Patrick Hubert kënne feierlech ze gestalten, an e Concert fir „Chiles Kinder“ ze sangen. Dat Joer hu mir d’Adventssangen agefouer: Mir gin zu Biergem an zu Steebrécken vun Dier zu Dier, fir schéi Chrëschtdeeg ze
wëhschen.

Houchzäiten am Joer 1999

26.06. Tavernier-Hurt zu Heisdorf
17.07 Haag Lorang zu Steebrécken
31.09 Klemann-Michelini zu Éileng
07.08. Bourckel-Peusch zu Walfer
04.09 Thill- Ambrosini zu Leideleng
11.09. Bernardy-Ney zu Moutfort
11.09 Steichen-Schumacher zu Moutfort
18.09 Janson-Mauer zu Hunchereng
31.12. Thiel-Bartz zu Steebrécken, mat de Schëfflénger Sänger

2000

Mir sangen am Mäerz e Passiounconcert ënner dem Titel: „0 Haupt voll Blut und Wunden“, bei deem d’Chorale „Lidderfrënn“ sech eis ugeschloss huet. Nom Concert zu Steebrécken sange mir deeselwechten zu Koblenz. Mir feiere scho nees eng Noprimiz: déi vum Tom Kerger am Juli 2000. Den Cäcilieconcert ass dest Joer an der Sportshal vun der neier Schoul zu Monnerech, an Téiteng a Kayl sinn zoustänneg fir d’Octavemass. De
President krit e Meekranz opgehaangen, an mir maachen den Ausfluch op Bregenz. Mir sangen eng Mass zu Bäerdref an zu Diddeleng, a bei eis kënnt d’Chorale vun Houschent op Besuch. Adventssangen ass zu Steebrécken
an e Concert ass virgesinn am Fleegeheem „An de Wisen“ zu Beetebuerg. Dat Joer si 44 Leit am Gesank.dat sin :16 Sopranen – 7 Tenoren – 11 Alten an 6 Bäss. Den 3. Februar hu mir d’Radiosmass fir Sonndes, an der Kiirch zu Steebrécken gesongen.

Houchzäiten am Joer 2000

06.05. Blau Fernand mam Scheitler Nicole zu Waldbriedemes
27.05. Bei Joël mam Maia Brigitte zu Steebrécken
24.06. Klein Frank mam Kemp Sonja zu Biergem
08.07. Faber Guy mam Folkmayer Beata zu Steebrécken
29.07. Schroeder Fränz mam Van Landeghem Isabelle zu Biergem
05.08. Mastromauro Michel mam Steinmetz Martine zu Henchereng
02.09. Pletschette Luc Mam Schaus Audry zu Biergem
09.09 Heintz John mam Diderrich Martine zu Bourglinster

2001

50 Prouwen, 13 Hochzäten an 9 Ldäichendéngschter sin gesonge ginn. Auswäerts sengt de Chouer d’Mass um Wäifest zu Gréiwemaacher, eng Radiosmass, de Chrëschtconcert mat der Réiser Musek, e Gospelconcert zu Elleng an zu Déifferdeng, e Concert am Altersheem zu Beetebuerg,
d’Adventssangen zu Biergem, bedeelegt sech un der Octavemass an um Cäcilienconcert, deen dëst Joer vun de Pomjeeë vu Monnerech. déi hir loo Joer feieren, organiséiert ass. Am ganzen Joer haten mir 140 Aktivitéiten.

39 Sänger stinn ënner den folgende Comité: President:John Zeimes, Vize-President: Pierre Mousel,
Sekretär: Jos Neu a Solange Schanen, Keessier: Fred Lichtfous, Archivaren: Carine Dengler a Sophie Seyler,
Uniformen: Josée Schaul.

2001 ass d“Année du bénévolat“, an de Parrot organiséiert fir all Leit, déi fräiwëlleg am Déngscht vun der Par stinn, eng „Journée du Bénévolat“ a Präsenz vum Erzbeschof Fernand Franck. D’Organisatioun vun enger
Kaffisstuff dréit derzou bäi, dass de Stand vun der Keess sech op 898.975 Frang beleeft.

Houchzäiten am Joer 2001

07.04. Kinnen-Ascani zu Rëmeléng
19.05. Kieffer-Didier zu Mamer
16.06. Poupart-Wilzius zu Hautcharage
30.06. Stocklausen-Peters zu Garnich
21.07. Dimaggio-Weber an der Kathedral
11.08. Scholz-Mamer zu Schëffleng
18.08. Schramer-Pletschette zu Steebrécken
01.09. Muller-Ries zu Steesel
01.09. Sofra-Forette zu Steebrécken
01.09. Krieps-Hoffmann zu Steebrécken
06.10. Martini-Mareau zu Näerzéng

2002

Gläich am Ufank vum Joer hëlt de Radio Sympa vu Reckeng eng Mass bei eis op, fir se iwwer de Sender ze bréngen. D’Octavemass steet nees ënner der Organisatioun vu Monnerech a Steebrécken, mir sangen e Concert zu Téiteng, an di lescht Radiosmass, déi vum RTL iwwerdroe gëtt, kënnt aus der Kierch vu Steebrécken. Eis wichtegst Aktivitéit war awer d’Opnam vun engem Chrescht-CD, deen datselwecht Joer schonn zu 90 % verkaaft
gouf. Um Ausfluch besichtege mir d’Grottes de Han. De Josy Asselborn verléisst eis als Organist, an de Jos Neu leet säin Amt als Sekretär nidder. D’Solange Schanen iwwerhëlt d’Charge. 38 Memberen waren 2002 aktiv.

Medaille kréien dat Joer: d’Monique Bomann an d’Berthy Wagener.

2003

Mam Josée Faltz krut de Gesank eng nei Organistin a mam Ferd Scheller en neie Sekretär. Mam Dammegrupp „Mezzoforte“ vun Houwald gestalte mir en Taizé- Owend zu Alzeng, a fir den 70. Jubiläum vun de Steebrécker Pompjeeë sange mir op hirer Séance académique.

De Cäcilieconcert ass organis6éiert vun der Fanfare vu Monnerech, well si hiren 100. Anniversaire feiert. En Trëppeltour an de Mettendall an en Ausfluch mat der Marie-Astnd bis op Bernkastel gi gemat. Zu Bartreng an zu Rëmeleng sange mir Concerten, an am Advent sange mir zu Biergem. De Veräin zielt 208 Éierememberen.

Ausfluch

Den Ausfluch war an desem Joer mam Schëff “ Princesse Marie-Astrid“ op Bernkastel

Den Ausfluch war an desem Joer mam Schëff " Princesse Marie-Astrid" op Bernkastel

Vun den 38 Aktive kréien der e puer eng Medaille:

Pius-Medaillen 2004

Ordre de mérite fir 5 Joer:
Nico Di Genova
Jean-Claude Schanen
Bronze Medaille fir 10 Joer:
Monique Bormann-Wever
Jacqueline Dengler
Jeannot Dengler
Fred Lichtfous
Solange Schanen- Jacoby
Marie-Josée Schaul-Seca
Sophie Seyler-Krausch
Claude Zeimes
Selwer Medaille fir 20 Joer:
Carine Dengler-Fisch
Tessy Diederich-Jacobs
Gëlle Medaille fir 30 Joer:
Marie Jenn-Nober
Pierre Mousel
Christiane Wolff-Thill
Claudette Zeimes-Wagner
Medaille mat Palmetten fir 40 Joer:
Renée Wenner-Eiffes
Goldplakette fir 50 Joer:
John Zeimes




dat war de Logo bis 2003

2004

Gläich am Januar onganiséiert d’Chorale e grousse Concert an der Sportshal zu Steebrécken ënner dem Motto: “Musikalesch Delikatessen“, wou den Ensemble vocal Voice Mix an de Männerchouer Atertdaul optrieden. Zwee
nei Membere kommen an de Comité bäi: den Nico Di Genova an de Marcel Schaul.

Dest Joer feiert de Verdi säi 50. Jubiläum, a verschidde Concerten a Masse gi vum November 2004 bis November 2005 organiséiert.

De Comité vun der 50-Joer-Feier
Vu lénks no riets: John Zeimes, André Meyers, Léo Wagner, Gast Seyler, Théo Bormann, Claudette Zeimes, Liliane Weber, Marcel Schaul, Edmée Huberty, Claude Clemes, Henriette Lucius, Jean-Claude Schanen, Ferd Scheller

De Comité vun der Chorale am joer 2004
Vu lénks no riets: Pierre Mousel, John Zeimes, Solange Schanen, Nico Di Genova, Josée Schaul, Marcel Schaul, Léo Wagner, Ferd Scheller, Sophie Seyler, Claudette Zeimes, Carine Dengler
Memberen am Joer 2004
D’Dammen vu lénks no riets:
Claudette Zeimes, Angèle Pütz, Colette Scheller, Renée Wenner, Berthy Wagener, Liliane Weber,Solange Schanen, Carinne Dengler, Anny Kaufmann, Josée Faltz, Marie Jenn, Marianne Kirpach, Milly Medinger, Nicole Weyrich, Sophie Seyler, Christiane Wolff, Josée Schaul, Monique Bormann
D’Häre vu lénks no riets:
John Zeimes, Pierre Mousel, Jeannot Dengler, Fernand Weber, Marcel Faltz, Guy Thill, Marcel Schaul, Léon Kaufmann, Jean-Claude Schanen, Benny Wenner, Nico Di Genova
Dat Joer si 21 Sängerinnen a 13 Sänger am Gesang: 15 Sopranen – 7 Tenoren – 6 Alten an 6 Bäss.

Mir hun 245 Éierememberen: 95 zu Steebrécken, 144 zu Biergem an 6 auswärts.

Pius-Medaillen 2005

Ordre de mérite fir 5 Joer:
Thill Eliane
Weyrich Nicole
Bronze Medaille fir 10 Joer:
Faltz Marcel
Guy Thill
Gëlle Medaille fir 30 Joer:
Wenner Bernard

Neie Logo fir 50 Joer

2005

keng Dokumenter font.

2006

Mir hun 240 Éierememberen: 88 zu Steebrécken, 142 zu Biergem an 10 auswärts.

Pius-Medaillen 2007

Ordre de mérite fir 5 Joer:
Colette Scheller-Lehnen
Selwer Medaille fir 20 Joer:
Guy Thill
Gëlle Medaille fir 30 Joer:
Annie Kaufmann-Unsen

Den Ausfluch 2006 ass an d’Provence gang vum 07-10.09.

21 Sängerinnen an 13 Sänger stinn ënner dem folgende Comité:
President: John Zeimes,
Vize-President: Pierre Mousel,
Sekretär: Ferd Scheller,
Keessière: Carine Dengler,
Memberen: Théo Bormann – Nico Di Genova – Solange Schanen – Josée Schaul – Marcel Schaul an Sophie Seyler,
Dirigentin: Claudette Zeimes,
Organisten sin Josée Faltz an Claude Zeimes.

2007

6 Concerten waren an desem Joer um Programm

  • 25.03. Passionsconcert an der Zitha-Klinik
  • 01.04. Passionsconcert zu Steebrécken
  • 29.04. Israel Schalom um Houwald
  • 17.06. Kierchefest an der Kathedral
  • 30.09. Journée de rencontre zu Monnerech
  • 15.12. Adventssangen zu Biergem

Mir hun 264 Éierememberen: 96 zu Steebrécken, 155 zu Biergem an 13 auswärts.

Pius-Medaillen 2008

Bronze Medaille fir 10 Joer:
Nico Di Genova
Jean-Claude Schanen
Selwer Medaille fir 20 Joer:
Jeannot Dengler

Scheckiwwerrechung u „SUMEDCO“

Den 04.06. 1000 Euro

Houchzäiten am Joer 2007

02.06. zu Beetebuerg
07.07 zu Manternach
28.07. zu Beetebuerg
14.07. zu Esch
04.08. zu Bartreng
08.09- zu Biergem

2008

5 Concerten waren um Programm
02.03.„Der Herr ist mein Hirt“ an der Zitha-Klinik mat 23 aktive Memberen
16.03. Galaconcert „Der Herr ist mein Hirt“ zu Steebrécken mat 26 aktive Memberen
15.11.Cäcilienconcert zu Steebrécken mat 28 Sängerinnen a Sänger
05.12.Blagoslowi Gospodi an der Philharmonie mat 34 Leit vun eis a 16 auswärts
07.12.Blagoslowi Gospodi an der Kiersch zu Uerschdref mat 33 Leit vun eis a 16 auswärts

Houchzäiten am Joer 2008

21.06. zu Gröiwenmaacher
29.06. Gëllen Hochzäit Annie a Léo
19.07. zu Fenteng
26.07. zu Dideleng
28.06. zu Beetebeurg
16.08. zu Bartreng

Scheckiwwerreechung u „Parkinson Letzebuerg“ den 10.07.

Den Ausfluch vum 11.-14.09. ass op Weimar, Erfuhrt an Eisenbach gang.

Mir hun 256 Éierememberen: 95 zu Steebrécken, 147 zu Biergem an 14 auswärts.

23 Sängerrinnen a 15 Sänger stinn ënner den folgende Comité:

President:John Zeimes
VizePresident:Pierre Mousel
Sekretär: Scheller Ferd
Trésorière: Dengler Carine
Aumônier: François Terzer
Membres:Bormann Théo, Di Genova Nico, Schanen Solange, Schaul M.Josée, Schaul Marcel an Sophie Seyler,
Dirigentin:Claudette Zeimes
Organisten:Josée Faltz an Claude Zeimes

Pius-Medaillen 2009

Selwer Médaille fir 20 Joer:
Sophie Seyler-Krausch
Solange Schanen- Jacoby

2009

Den Ausfluch war den 13.09. op d’Maginotlinn an op d’Schlass Malbrouck.

An desem Joer sinn 6 nei Sängerinnen a Sänger beikomm an insgesammt war d’Chorale 115 Mol aktiv.

De Comité

President:John Zeimes
Vize-President:Pierre Mousel an Marcel Schaul
Sekretär: Scheller Ferd
Trésorière: Carine Dengler
Aumônier: François Terzer
Membres:Bormann Théo, Di Genova Nico, Schanen Solange, Schaul M.Josée, Schaul Marcel an Sophie Seyler
Dirigentin: Claudette Zeimes
Organisten: Josée Faltz an Claude Zeimes


Mir hun 269 Éierememberen: 102 zu Steebrécken, 153 zu Biergem an 14 auswärts.

Pius-Medaillen 2010

Ordre de mérite fir 5 Joer:
Schaul Marcel
Bronze Medaille fir 10 Joer:
Nicole Weyrich
Selwer Medaille fir 20 Joer:
Marie Josée Schaul Seca
Medaille mat Palmetten fir 40 Joer:
Benny Wenner

Ons Concerter

Blagoslowi zu Dideleng an zu Monnerech

Rock my Soul zu Steebrécken

  • Dirigenten Claudette Zeimes bezeechent déi héichqualifizéiert Concerter als Resultat vun enger langjähreger Opbauarbecht, besonneg den a-capella-Gesang erlaabt vill Spillraum fir spontan Geangseinlagen.

2010

Kierch Trënteng

Ons Concerter

10.01.2010„Rock my Soul“ zu Fëlschdref
13.03.Gospelconcert „Rock my Soul“ zu Bouneweg
14.05.„Blagoslowi Gospodi“ zu Hënchereng mam russechen Männerchouer VIVAT
06.11.Gospelconcert „Rock my Soul“ zu Trënteng
27.11.Gospelconcert „Rock my Soul“ zu Elleng

Héichpunkte an desem Joer woren de Concert“Rock my Soul“ zu Fëlschdref wou 280 Zuhörer waren an de Concert mat orthmam russechen Männerchouer VIVAT

22 Sängerinnen an 12 Sänger sin aktiv.

Pius-Medaillen 2011

Ordre de mérite fir 5 Joer:
Théo Bormann
Bronze Medaille fir 10 Joer:
Jean Schmitt
Gëlle Medaille fir 30 Joer:
Nicole Fournel-Arendt

De Comité

President:John Zeimes
Vize-President:Pierre Mousel an Marcel Schaul
Sekretär: Scheller Ferd
Trésorière: Carine Dengler
Aumônier: François Terzer
Membres:Bormann Théo, Di Genova Nico, Schanen Solange, Schaul M.Josée, Edmée Huberty, Schaul Marcel an Sophie Seyler
Dirigentin: Claudette Zeimes
Organisten: Josée Faltz an Claude Zeimes

An der Generalvesammlung huet d’Dirigentin Claudette Zeimes offiziell sein Récktrett aus privaten Grënn bekannt gin, ass awer am Bedarfsfall nach als Sängerin an Aushellefsdirigentin bereed anzesprangen.

De Marcel Schaul ass dann och aus dem Comité erausgetrueden.

2011

Directioun

Vum 17.03. bis de 07.04. gouf eis Chorale vum Monique Schumann dirigéiert. Den 28.06. huet dunn d’Noémie Desquiotz-Sunnen d’Directioun iwwerholl.

Net ze vergiessen d’Claudette Zeimes, dat nach ëmmer als Dirigentin aushëlleft.

Organigramm op dem 11.03.2012
President    John ZEIMES
VizepresidentPaul CORTI 
Secrétaire   Ferd SCHELLER 
Trésorière   Carine DENGLER
Aumônier                  François TERZER
Membres    Théo BORMANN
                     Edmée HUBERTY         
                  Pier MOUSEL            
Solange SCHANEN      
Sophie SEYLER             
DirigentinNoémie DESQUIOTZ-SUNNEN
Claudette ZEIMES-WAGENER
  Organistin FALTZ-WILMES Josée
    Organist           Claude ZEIMES

Concerten a Massen auswäerts:

  • 13.02 Radiosmass an der Zitha
  • 02.05 Oktavmass an der Kathedral
  • 05.06.Concert an der Synagogue an der Stad
  • 19.06 Sängertreffen zu  Recken op der Mess
  • 09.07 Galaconcert mat Dirigentinnewiessel am CC „Beim Nëssert“ zu Biergem
  • 19.11 Firmung zu Schëffleng

Pius-Medaillen 2012

An der Generalversammlung kréie folgend Sängerinnen  aus eiser Chorale eng Médaille vum Piusverband iwwerreecht:

Bronze Medaille fir 10 Joer Memberschaft:
Colette Scheller-Lehnen
Medaille mat Palmetten fir 40 Joer Memberschaft:
Marie Jenn-Nober
Christiane Wolff-Thill

National-Medaillen 2012

Bei Geleeënheet vum  Nationalfeierdag kréie folgend Sängerinnen aus eiser Chorale  eng „National Decoratioun“ vum Ministère de la Culture iwwerreecht:

Bronze-Couronne de Chêne fir 35 Joer Memberschaft:
Milly Medinger-Meyer
Argent-Couronne de Chêne fir 40 Joer Memberschaft:
Christiane Wolff-Thill
Marie Jenn-Nober
Vermeil-Ordre de Mérite fir 45 Joer Memberschaft:
Claudette-Zeimes-Wagener

2012

Ons Concerter

  • Passiounsconcert um Cents (18.03)
  • Passiounsconcert zu Biergem (24.03)           
  • Concert zu Helleng (14.10)

Pius-Medaillen 2013

An der Generalversammlung kréie folgend Sängerinnen a Sänger aus eiser Chorale eng Medail vum Piusverband iwwerreecht:

Insigne de Mérite fir 5 Joer Memberschaft:
Maria Petrosillo
Claude Desquiotz
Sëlwer Medaille fir 20 Joer Memberschaft:
Marianne Kirpach
Gëlle Medaille fir 30 Joer Memberschaft:
Carine Dengler-Fisch
Medaille mat Palmette fir 40 Joer Memberschaft:
Pierre Mousel

Ausfluch

Vum 06 – 09.09. an Holland

Organigramm: Do huet sech näicht geännert.

  • Sängerinnen : 21 
  • Sänger : 14
  • 217 Éierememberen: 85 vu Steebrécken; 119 vu Biergem an 13 vun auswäerts

                                                                                               

2013

Ons Concerter

Am desem Joer haten mir 6 Concerten

  • Concert mam Ensemble „Vivat“ 15.05.    
  • Cäcilieconcert vun der Kulturkommissioun Freides de 14.11.
  • Concert „Chrëschtdag heiheem“ Nëssert den 19.12.  3 Chéier sangen an der HMM

Gemittlechen Owend

Wéi all Joer fänkt déi nei Saison mat engem gemittlechen Owend un.

Neie CD:

De CD get um Radio 100,7 vun eiser Dirigentin Claudette Zeimes an eisem President Paul Corti virgestaalt. de Verkaaf vun deser CD huet 1886 Euro era bruecht.

Pius-Medaillen 2014

An der Generalversammlung kréie folgend Sängerinnen a Sänger aus eiser Chorale eng Medail vum Piusverband iwwerreecht:

Insigne de Mérite fir 5 Joer Memberschaft:
Rose Corti
Marc Schmitz
John Smit
Sëlwer Medaille fir 20 Joer Memberschaft:
Monique Bormann
Jacqueline Dengler

Comité

Deelweiserneierung vum Comité: Austriedend an erem wielbar sin: Paul Corti anThéo Bormann

2014

       

101 gesanglech Aktivitéiten waren um Programm

Ons Concerter

  • „Chrëschtdag heiheem“ Am Cipa Diddeleng (18.12.) Beim Nëssert (19.12) Esch-Grenz (28.12)

Aner Aktivitéiten:

  • 02.02 Generalversammlung 2014
  • 24.03 Info Pastoralprojet Belval
  • 29.03 Groussbotz an der Gemeng
  • 25.04 Buvette um Maart zu Monnerech
  • 23.06 Nationalfeierdag – Cortège an Te Deum
  • 08 – 13.07 Public Viewing op der Duerfplaz
  • 22 – 24.08 Croisière um Rhäin (Stroossbuerg-Koblenz)
  • 09.09 Gemittlechen Owend fir de Saisonufank
  • 20.09 Ovatioun Minister Dan Kersch
  • 12.10 Journée commémorative
  • 24.10 Buvette um Maart zu Monnerech
  • 16.11 Cäcilieniessen am Restaurant „Wax“ zu Péiteng
  • 21.11 Beaujolais- a Kéisowend
  • 30 + 31.12 Grille beim Cactus Esch

Comité

Deelweiserneierung vum Comité: Neie President ass de Paul Corti

President: Paul Corti
Vizepresident        —————
Secrétaire:Ferd Scheller
Trésorière:Carine Dengler
Aumônier:François TERZER
Memberen:Bormann Théo
Huberty Edmée
Solange Schanen
Claudette Zeimes
Dirigentin:Claudette Zeimes
Organistin:Josée Faltz-Wilmes
Claude Zeimes

20 Sängerinnen an 14 Sänger sin aktiv

E grousse Merci un ons 217 Éierememberen: 85 vu Steebrécken 119 vu Biergem an 13 vun auswäerts      

                                  

Pius-Medaillen 2015

An der Generalversammlung kréie folgend Sängerinnen a Sänger aus eiser Chorale eng Medaille vum Piusverband iwwerreecht:
Bronze-Medaille fir 10 Joer Memberschaft:
Théo Borman
Marcel Schaul
Sëlwer Medaille fir 20 Joer Memberschaft:
Marcel Faltz
Plaquette a Gold fir 50 Joer Memberschaft:
Fernand Schumann

2015

Ons Concerter

  • „Ave Verum Corpus“: Steebrécken (10.05)
  • „Ave Verum Corpus“: Elleng (29.11)
  • Passiounsconcert den 10.05. 1.250 Flyeren si goufen gedréckt an verdeelt
  • Ufank vum Concert mam russeschen Ensemble VIVAT (16.05)
  •  Sängertreffen zu Weiler-la-Tour(18.10)
  • Quête Concert den 10.05 beim „Nesser“fir d‘Associatioun vun de RAHNA-Muppen déi eise Chèque vu 500.-€ den 20.11 entgéint geholl huet
  • Chrëschtlidder gesonge vu 5 Sänger(innen) aus eiser Choraleonentgeltlech während 2 Stonnen am Fleegeheem zu Beetebuerg (05.12) 

Den 21.03. waren mir bei der „Grouss Botz“ an der Gemeng Monnerch aktiv an beim Catering um Hobbymaart den 28.03. an 29.03.

Den Ausfluch haten mir den 06.09. an d’Elsass (Musée Lalique a Plan Incliné)

Comité: Vizepresidentin ass d’Solange Schanen

20  Sängerinnen an 11  Sänger sin aktiv

E grousse Merci un ons 191 Éierememberen: 72 vu Steebrécken 110 vu Biergem an 13 vun auswäerts                                                                                    

Pius-Medaillen 2016

An der Generalversammlung kréie folgend Sängerinnen a Sänger aus eiser Chorale eng Medaille vum Piusverband iwwerreecht:

Gold-Medaille mat Palmetten fir 40 Joer Memberschaft:
Milly Medinger-Meyer
Plaquette a Gold fir 50 Joer Memberschaft:
Claudette Zeimes

National-Medaillen 2016

Bei Geleeënheet vum  Nationalfeierdag kréie folgend Sängerinnen aus eiser Chorale  eng „National Decoratioun“ vum Ministère de la Culture iwwerreecht:

Vermeil-Couronne de Chêne fir 50 Joer Memberschaft:
Claudette Zeimes-Wagener
Fernand Schumann

2016

Am Joer 2016 hate mer am Ganzen 101 gesanglech Aktivitéiten

2 Hochzäiten:

  • Joanna Smit (Lëtzebuerg 27.08)
  • Vanessa Krecké (Beetebuerg 08.10)

Ons Concerter

  • Frëndschaftsconcert zu Monnerech (05.03)
  • Chrëschtconcert am Cipa Diddeleng (03.12)

Den 14.04. waren mir bei der“ Grouss Botz“ an der Gemeng Monnerch

onsen Ausfluch war vum 07 – 10.09 Aufluch op Roum

Pius-Medaillen 2017

An der Generalversammlung kréie folgend Sängerinnen a Sänger aus eiser Chorale eng Medaille vum Piusverband iwwerreecht:

Insigne de Mérite fir 5 Joer Memberschaft:
Sandra Troes-Corti
Daniel Gulluni
Paul Corti
Bronze-Medaille fir 10 Joer Memberschaft:
Edmée Huberty Kieffer

National-Medaillen 2017

Bei Geleeënheet vum  Nationalfeierdag kréie folgend Sängerinnen aus eiser Chorale  eng „National Decoratioun“ vum Ministère de la Culture iwwerreecht:

Vermeil-Couronne de Chêne fir 50 Joer Memberschaft: Claudette Zeimes-Wagener

Am Laaf vum Joer ass eng Sängerin beikomm an 3 Sänger hun ons verloos, mir sin also zu 21 Sängerinnen an 8  Sänger aktiv.

2017

Am Joer 2017 hate mer am Ganzen 92 gesanglech Aktivitéiten

20 Sängerinnen a 6 Sänger zielen zu onsen aktiven Memberen an 143 Éierememberen: 53 vu Steebrécken; 84 vu Biergem a 6 vun auswäerts.

Pius-Medaillen 2018

An der Generalversammlung kréie folgend Sängerinnen a Sänger aus eiser Chorale eng Medaille vum Piusverband iwwerreecht:

Bronze-Medaille fir 10 Joer Memberschaft:
Corti-Bertemes Rose
Sëlwer Medaille fir 20 Joer Memberschaft:
Jeqn-Claude Schanen
Gëlle Medaille fir 30 Joer Memberschaft:
Jeannot Dengler

2018

Ons Concerter

  • 26.04 Don Kosaken zu Beetebuerg 
  • 13.05 Nationale Sängerdag zu Befort
  •  15.12 Concert fir de „Wäisse Rank“ am Park Hotel   (Hun mer op Ufroo gratis gesongen)
  •  26.12 Mat de Singing Ladies

Aner Aktivitéiten:

  • 01.03.Generalversammlung
  • 21+22.06 Grille beim Cactus zu Esch
  • 23.06 Nationalfeierdag – Te Deum a Cortège
  • 05.07 Réunioun mat de Sängerinnen a Sänger
  • 10-15.07 Public Viewing vun der Fusball WM
  • 13.09 Gemittlechen Owend fir de Saisonufank
  • 07.10 Journée commémorative
  • 27-30.10 Ausfluch op Lissabon
  • 15.11 Beaujolais- a Kéisowend
  • 25.11 Cäcilieniessen an der Brasserie du Musée
  • 01+03.12 Niklosmaart zu Monnerech

Onse Choncert matt dem original DON KOSAKEN CHOR „SERGE JAROFF“, vun onser Chorale organiséiert war en riesen Erfolleg. Bei desem Concert an der Kierch zu Beetebuerg waren 500 Leit an de Cocert war schon 1 Mount am Virrausl total ausverkaaft. D‘ Choralen vun Scheffleng a Monnerech haten mir als Invitées fir maat ze sangen.

Pius-Medaillen 2019

An der Generalversammlung kréie folgend Sängerinnen a Sänger aus eiser Chorale eng Medaille vum Piusverband iwwerreecht:

Bronze-Medaille fir 10 Joer Memberschaft:
Petrosillo Maria
Gëlle Medaille fir 30 Joer Memberschaft:
Seyler-Krausch Sophie
Schanen-+Jakoby Solange

Ausfluch vum 27-30.10 op Lissabon

28 Leit waren matt. Direkt den 1.Dag hun mer an der Owesmass um 18:30 an der Kierch Sâo Mamede e kuerze Concert gesongen, onsen Invité war de letzebuerger Ambassadeur zu Lissabon, den Här Jean-Jacques Welfring. Seng Invitatioun fir e Besuch vun der Ambassade Méindes den 29. Oktober um 17 Auer awar leider net méiglech, wëll mer    jo deen Dag. um  9 Auer mam Bus op Sintra gefuere sin fir eng organiséiert Stadbesichtigung.

2019

Ons Concerter

Och an desem Joer hun mer 3 Concerter gesongen

  • 03/02/19 Zu Déifferdeng
  • 26/10/19 Frëndschaftsconcert mat de kulturelle Veräiner ënner der Leedung vum Sebastian Geis.
  • 30/11/19Chrëschtconcert am Cipa Diddeleng

 D’Adventssangen vum 14.12. war schon organiséiert an kuerz virdrun hat de Propriétaire vun der Päerdskutsch en schwéiert Accident, dat war dann schon déi 2. Keier wou mer dat hun missen ofsoen, dat Joer virdrun war et durch den Orkansturm.

Ausfluch

Pius-Medaillen 2019

An der Generalversammlung kréie folgend Sängerinnen a Sänger aus eiser Chorale eng Medaille vum Piusverband iwwerreecht:

Sëlwer Medaille fir 20 Joer Memberschaft:
Nicole Weyrich
Gëlle Medaille fir 30 Joer Memberschaft:
Marie-Josée Schaul
Plaquette a Gold fir 50 Joer Memberschaft:
Bernhard Wenner

18 Sängerinnen a 6 Sänger waren aktiv.

2020

An desem Joer war alles anescht. De Coronavirus ass ob emol obgetaucht, an ganz kuerzer Zäit ass ob der ganzer Welt näicht méi gang. Mir haten nach Donneschdes den 12.März 2020 ons Generalversammlung an duerno ass et lass gang.

Wéinst der séierer Verbreedung vum Corona Virus huet de Premier Xavier Bettel (DP) en Dënschdeg, de 17. Mäerz 2020 en Ausnamezoustand deklaréiert. Den Eescht vun der Situatioun gouf der Bevëlkerung vermëttelt. Den Dag drop, mat der Verëffentlechung vun der Noutbestëmmung am Mémorial, sinn d’Austrëttsbeschränkungen offiziell a Kraaft getrueden.
Dëst war den Ufank vum Kampf géint de Virus mat ville Moossnamen. Austrëttsrestriktiounen an den Ënnerhalt vu kriteschen Infrastrukture waren déi direkt Konsequenzen. Dëst féiert zu eidel Stied, Restauranten, Attraktiounen, Sportinfrastrukturen a Schoulen. Den Ausnamezoustand huet den 18. Mäerz ugefaang an Zu dësem Zäitpunkt goufe medizinesch Versuergung wéi Schutzmasken, Desinfektiounsmëttelen a Beotmungsgeräter zur Haaptprioritéit. Dat medizinescht Material muss vun der Arméi op geheime Plazen iwwerwaacht ginn, well et massiv geklaut gëtt. Och an der Chamber ass nëmmen all zweete Stull besat.
Et ass déi schlëmmste Kris zënter dem Zweete Weltkrich.
De Noutstand ass am 24. Juni eriwwer, awer déi aktuell Koronakris zu dësem Zäitpunkt leider nach net. Genau 1 Joer no dem 17.März sin d‘ Restaurants nach emmer zou, an der Zweschezeit sin 3 Impstoffer eraus an d’Leit gin geimpft, ( Während an Israel déi ganz Bevölkerung schon geimpft ass dauert et an Europa vill ze lang bis et virun geet.

Keine Antworten

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.

Events

Gellen Hochzäit Théo a Monique

Datum: 24 Juli 2021

Gellen Hochzäit Théo a Monique

Esch Kulturhaaptstad

Datum: 4 März 2022

Uhrzeit: 19:00

Ort: Sacré Cœur Esch

Sacré Cœur Esch

Esch Kulturhaaptstad

Datum: 9 Mai 2022

Uhrzeit: 10h30

Ort: Rockhal Esch

Rockhal Esch

Contact

Chorale Ste Cecile

8 rue de l’Eglise

L-3341 Huncherange